Zenter fir d'Lëtzebuerger SproochD'Begrëffer vun der Corona-Pandemie op Lëtzebuergesch

RTL Lëtzebuerg
De Coronavirus verännert d'Welt. Mir hu lo aner Ëmgangsformen an nei Kommunikatiounsweeër. Vun dëse Changementer ass och d'Sprooch net verschount.

De Coronavirus huet d’Welt verännert... eisen Alldag, eis Gewunnechten, eis Aarbecht, eis Schoul, eist Zesummeliewen. An eis Sprooch! Et tauche Begrëffer op, déi mer bis elo knapp gebraucht hunn, net kannt hunn oder déi et iwwerhaapt nach net gouf. Den ZLS, den Zentrum fir d’Lëtzebuerger Sprooch huet elo, wéi dat am Ausland och geschitt ass, e Glossaire zesummegestallt fir ze dokumentéieren, wéi dee virusbedéngte sproochleche Wandel an der Gesellschaft sech entwéckelt.

Den Armand Becker vum ZLS um Mikro vum Christiane Kremer

Dobäi si Wierder wéi Pandemie oder Hamsterkeef op eemol nees am deegleche Sproochgebrauch, oder et tauchen neier op wéi Homeoffice oder Homeschooling oder et ginn extra Kreatioune wéi e-peritif oder niksen.

Eng Sprooch ass ëmmer lieweg a verännert sech permanent: Wierder verschwannen, anerer komme bäi.
De Phänomän vun der Pandemie huet elo vill Begrëffer an eis Sprooch bruecht, déi dacks aus dem Gesondheets-Beräich kommen oder esouguer aus anere Sproochen.

Aner Wierder wéi Toilettëpabeier tauchen op eemol méi op. An da gëtt et natierlech dat Wuert Korona, dat nach ganz aner Bedeitungen huet; net nëmme Virus, Béier, mä och nach d’Kroun ronderëm d’Sonn oder e Begrëff fir eng Grupp ze nennen.

De Glossaire ass entstanen fir dës Wierder festzehalen an de Leit dann och eng Méiglechkeet ze ginn se nozesichen a fir och ze wëssen, wéi een se schreift: D’Wierder huet den ZLS aus den offiziellen Dokumenter vu Ministèren an Administratiounen (Publikatiounen a Communiquéen), aus der Press, Radio, Tëlee, vun den auslänneschen Glossairen oder och aus de Pressekonferenzen. E gutt Beispill dofir ass d’Wuert “Buff”, dat fir vill just den Numm fir d’Kräiderdrëpp ass, mä elo steet et och fir d’Schlauchduch, mat deem ee Mond an Nues ka bedecken.

Haapt-Critère fir an de Glossaire ze kommen ass, datt de Begrëff och am Gebrauch ass, also datt et Tracë ginn dervun. Bis elo sinn 270 Wierder opgeholl ginn, mä d’Lëscht wäert ëmmer erweidert ginn, sou laang d’Kris amgaangen ass.

E puer ongewéinlech Kreatiounen: Schoul doheem, Centre de soins avancés, e-peritif fir den virtuellen Aperitif an “niksen” dat aus dem Hollänesche kënnt an esou vill heescht wéi “näischt maachen”.

Zënter dem 1. Mee ass de Glossaire vum ZLS online, do kann ee sech informéieren oder och selwer Wierder proposéieren.

“Mat der Pandemie koum de Lockdown. Deen hat Hamsterkeef an Homeoffice am Gepäck. Flatten the curve war de Mot d’ordre, dofir Homeschooling a Bingewatching, Onlineshopping a Maskeflicht. Mee wat de Replikatiounsfacteur méi erof-, wat de Wonsch no Exitstrategien a Lockerunge méi eropgeet.

Als Gestionnaire vum Lëtzebuerger Online Dictionnaire gesäit den Zenter fir d’Lëtzebuerger Sprooch et als seng Aufgab un, de virusbedéngte sproochleche Wandel an der Gesellschaft ze begleeden an déi siichtbar Verännerungen am Wuertschatz ze dokumentéieren.

Esou steet et op dem Site LOD.lu geschriwwen. Dofir kann ee vun elo un de Covid-19-Glossaire consultéieren - eng Wuertlëscht, déi all weesentlech Begrëffer ronderëm déi ablécklech Situatioun opgräift an eng korrekt Schreifweis dofir proposéiert. D’Lëscht gëtt iwwerdeems no an no ausgebaut an och weider Recommandatioune si wëllkomm.

Back to Top
CIM LOGO