
D’Kulturhaiser sinn zou, dofir muss een awer net op Konscht, Musek, Literatur, Theater asw. verzichten.
D’Kultur-Redaktioun versuergt Iech dofir mat Fudder fir Kapp, Häerz a Gemitt.

Zaubere misst ee kënnen! Mä dat kann een alles léieren. Läffele verbéien, e Rank deen sech vum selwe beweegt, oder d’Gedanke vun anere beaflossen...dat geet méi einfach wéi ee menge kéint! A wie kéint dat besser virmaachen wéi den David Goldrake?
De Lëtzebuerger Illusionist wunnt jo wuel schonn eng Rei Joren zu Las Vegas, en huet seng Fans hei am Land awer net vergiess. Dowéinst post en all Dag op senger Facebooksäit e kuerze Video an deem en en Zaubertrick erklärt...op Englesch awer och op Lëtzebuergesch.
.
D’Internetsäit vum David Goldrake
E Ballet oder eng Oper kucken ze goen, ass jo ëmmer e ganz speziellt Erliefnis. Et mécht een sech schick et geet ee villäicht souguer bei de Coiffeur, an esou weider. Bon dat mam Coiffeur ass momentan e bësse méi schwéier, mä op de Konschtgenoss brauch een trotzdeem net ze verzichten!
D’Londoner Royal Opera House invitéiert all Freideg op eng Gratis-Virstellung op hire Youtube-Kanal. An dat Bescht, wann een et sollt verpasst hunn, da kann een bis 30 Deeg duerno nach kucken.
Ourhousetoyourhouse, sou heescht déi Serie bei der de leschte Freiden zum Beispill dem Mozart seng Oper Cosi Fan Tutte um Programm sotung.
Dat sinn natierlech Opzeechnungen aus de leschte Joren. Op der Facebooksäit vum Royal Opera House kann een awer och materliewen, wéi eng Ballerina hir Kichen als Danzstudio benotzt. Si wäerten also op alle Fall prett sinn, wann d’Dieren am Londoner Staddeel Covent Garden nees opginn.
D’Internetsäit vum Royal Opera House

Notre Dame de Paris nees opbauen, oder en Tableau vum Picasso fir doheem un d’Mauer ze hänken, dat alles kann ee selwer maachen. Et brauch ee just e bësse Gedold an e wéineg Plaz fir sech auszebreeden...
Puzzele gëtt et scho fir kleng Kanner mat just enger hallwer Dose Stécker, e richtege Profi kann sech awer och un dee groussen Challenge eruntrauen. 5000 Stécker oder souguer 10.000 oder och an der Versioun 3D .vum Eiffeltuerm iwwer deeBuckingham Palace bis bei d’Fräiheetsstatue...wie wëll ka souguer de ganze Globus nobauen.
A wiem dat dann awer ze vill ustrengend ass, dee kann op Youtube engem richtegen Expert nokucken, wéi en e Puzzle vun 42000 Stécker zesummesetzt...an 2 Minutten an 33 Sekonne, am Zäitraffer, versteet sech.