Fir jonk SchrëftstellerD'Aschreiwunge fir de Literaturpräis "Prix Laurence" sinn op

RTL Lëtzebuerg
Eng 6. Kéier organiséiert d'Gemeng Beetebuerg e Concours littéraire am Kader vum LiteraTour Festival vum 18. bis den 30. Abrëll 2020.

Bei dësem Literaturpräis kënne jonk Leit an zwou Alterskategorië matmaachen, tëscht 12 a 17 Joer an tëscht 18 a 26 Joer. Ënnerschiddlech Genren, ob Prosa, Theaterstécker, Gedichter oder beispillsweis Lidder, kënnen eragereecht ginn. Dat an där Sprooch, déi engem am beschte Leit, ob dat Lëtzebuergesch, Däitsch, Englesch oder Franséisch ass.

370 Auteuren an net manner wéi 554 Texter goufen am Laf vun den éischte fënnef Editounen erageschéckt. Déi beschten Texter kënnen zu engem spéideren Zäitpunkt online consultéiert ginn. D’Favoritte wäerten hir Schrëftstécker am Café Littéraire vum LiteraTour Festival viru Publikum presentéieren.

D’Texter solle bis den 16. Mäerz eragereecht ginn.

PDF: Prix Laurence 2020

Back to Top
CIM LOGO