
De Schauspiller a Museker Max Thommes huet virun e puer Joer säin Alias Das Radial gegrënnt. Als Solo-Performance Kënschtler vermëscht hien elektronesch Kläng mat Literatur. Fir de Live aus der Stuff huet de Max Thommes sengem virtuelle Publikum eng Alternative fir de normalerweis feierlechen Ouschtersonndeg preparéiert. Texter vum Kinski, Ginsberg a Bukowski gi mat sengen eegenen Texter vernetzt.
Eng Initiativ vum Serge Tonnar, mam Kënschtlerkollektiv MASKéNADA a mat der Ënnerstëtzung vum Kulturministère. De ganze Programm op der Facebooksäit “Live aus der Stuff”.