US-SerieCoronavirus am Fokus vun der nächster Staffel Grey's Anatomy

RTL Lëtzebuerg
D'Corona-Pandemie wierkt sech net just op dat reellt Liewen dobaussen aus, mä hëlt och ëmmer méi Plaz an der fiktiver Welt vun de Filmer a Serien an.

Ee Beispill ass déi US-amerikanesch Dokter-Serie Grey’s Anatomy. Am Mëttelpunkt vun der neier Staffel soll nämlech Covid-19 stoen.

Dat huet d’Krista Vernoff wärend der Podiumsdiskussioun “Quaranstreaming: Comfort TV That Keep Us Going” verroden. Der Produzentin no wier et onméiglech, eng medezinesch Serie ze produzéieren, ouni op déi aktuell sanitär Lag anzegoen. Et hätt ee sech scho mat Leit aus dem Gesondheetssecteur a Verbindung gesat an ënnerhalen.

Normalerweis erzielen hir Doktere witzeg oder verréckelt Anekdoten aus dem Alldag. Wärend der Corona-Zäit fille sech déi Gespréicher éischter wéi eng Therapie un, erkläert d’Regisseurin. Si an hiert Team wieren déi éischt Leit, mat deenen d’Medezinner iwwert hir Erfarunge géinge schwätzen. Verschidden Doktere géingen d’Pandemie als Krich beschreiwen, “e Krich, fir dee si ni ausgebilt goufen”.

Déi 17. Staffel wier also déi perfekt Geleeënheet, fir iwwert dës Geschichten ze schwätzen an en Abléck an d’Liewe vun Dokteren an Infirmièren ze kréien, wéi si d’Epidemie erlieft hunn.

Back to Top
CIM LOGO