Eemaischen 2021Concours Péckvillercher: Wie mécht dee schéinste Vull?

RTL Lëtzebuerg
Fir d'Eemaischen 2021 organiséiert de Comité Alstad a.s.b.l e Concours fir artistesch a konschthandwierklech Péckvillercher.

Dës léisst de Comité da realiséieren an an enger limitéierter Editioun um Ouschterméindeg fir e gudden Zweck verkafen.

Bis de 7. November kënnen d’Projete vu souwuel Beruffskeramiker, wéi och Amateuren agereecht ginn. Verschidde Konditioune mussen d’Objeten erfëllen, zum Beispill wat d’Gréisst oder d’Material betrëfft.

PDF: Pressecommuniqué Comité Alstad

Back to Top
CIM LOGO