"Phil live doheem" an der Philharmonie Concert vum Kreisler Quartet elo am REPLAY

RTL Lëtzebuerg
An den nächste Woche gëtt freidegowes um 20 Auer ëmmer e klenge Concert vun der Philharmonie offréiert, deen op Facebook an op RTL.lu gestreamt gëtt.

Fir de fënnefte Concert vun dëser Serie “Phil Live doheem” war et um Freideg Musek vum Kreisler Quartet mam Haoxing Liang, Silja Geirhardsdottir, Maya Tal and Niall Brown. Si hunn dem Dvorák’s säi Sträich-Quartett N° 12 gespillt.

“Phil live doheem” offréiert Freidegowes eng Mëschung aus verschiddene Genren an héchster Qualitéit, mat Kënschtler aus Lëtzebuerg an och OPL-Museker.

Déi nächst “Phil Live doheem"- Concerter:

· Alena Baeva & Vadym Kholodenko

· Reis Demuth Wiltgen

Back to Top
CIM LOGO