Esch2022Christian Mosar verléisst Ekipp

RTL Lëtzebuerg
De Christian Mosar verléisst mat Effet immédiat säi Posten als Directeur artistique vun der europäescher Kulturhaaptstad Esch2022.

Wéi et u sech schonn erwaart gi war, gouf dës Decisioun e Mëttwoch vum Verwaltungsrot vun Esch2022 am géigesäitegen Accord mam Christian Mosar geholl. D’Ekipp, ënnert der Leedung vum Françoise Poos wäert sech ëm d’Weiderentwécklung an d’Ëmsetzung vum Programm këmmeren.

PDF: Pressecommuniqué Esch2022

Back to Top
CIM LOGO