US-amerikanesche Komiker Carl Reiner am Alter vun 98 Joer gestuerwen

RTL Lëtzebuerg
Den US-amerikanesche Comedian, Schauspiller a Regisseur Carl Reiner ass e Méindeg zu Los Angeles verscheet.
© AFP

Dat deelt seng Assistentin Judy Nagy dem Magazin „Variety“ géintiwwer mat. Hien huet ënnert anerem an de Filmer “Ocean’s 11", “Ocean’s 12" an “Ocean’s 13" matgespillt an hat och Gaaschtoptrëtter a Serië wéi “Dr. House”, “Two And A Half Man” oder “Ally McBeal”.

De Carl Reiner hannerléisst 3 Kanner, ënnert anerem de bekannte Regisseur Rob Reiner, deen d’Filmer “Harry and Sally”, “Stand by Me” an “The Princess Bride” gedréit huet.

Back to Top
CIM LOGO