
Net nëmme fir déi puer Leit, déi d’Krimiserie mam Luc Schiltz, Sophie Mousel a Co op der Tëlee oder am Replay verpasst hätten, starten e puer kleng Kinoen zu Lëtzebuerg dëse Sonndeg eng „Binge-Watching-Initiativ”.
Zu Dikrech, Iechternach, Koler an Diddeleng ginn den 9. Februar am spéiden Nomëtteg allen 12 Episode vu Capitani hannertenee gewisen, ronn 6 Stonnen um Stéck.
Och en eemolegt Erliefnes fir all agefleeschte Fans, déi d’Geleeënheet kréien, fir d’Serie op groussem Ecran nach emol ze kucken.
Ciné Scala (Dikrech), Ufank 16:00
Ciné Sura (Iechternach), Ufank 18:00
Kinoler (Koler), Ufank 17:30
Ciné Starlight (Diddeleng), Ufank 16:15