AmsterdamBild vum Vincent van Gogh aus hollänneschem Musée geklaut

RTL Lëtzebuerg
Wéi déi lokal Police mellt, gouf et en Abroch am Musée Singer Laren an der hollännescher Haaptstad.
© Twitter / Singer Laren

Der Noriichtenagence AP no soll et sech ëm d’Bild “Spring Garden” handelen, dat an der Nuecht op e Méindeg vun Onéierleche gestuel gouf. Wéinst der Corona-Kris ass de Musée den Ament fir de Public zou.

Den Direkter weist sech “rosen, schockéiert an traureg” iwwert den Déifstall. De Wäert vum Vincent Van Gogh sengem Bild kéint een net an Zuelen ausdrécken.

Am Musée Singer Laren gi virum allem Konschtwierker aus dem Neoimpressionismus, Pointillismus, Expressionismus a Kubismus ausgestallt.

Back to Top
CIM LOGO