RIPBekannten US-Fotograf Peter Beard am Alter vun 82 Joer gestuerwen

RTL Lëtzebuerg
Hie war fir seng beandrockend Fotoe vu Wëlldéieren an Afrika genee sou bekannt, wéi fir säi wëllt Privatliewen.
Peter Beard (l.) mam Lou Reed.
Peter Beard (l.) mam Lou Reed.
© AFP

Am Alter vun 82 Joer ass de Peter Beard elo gestuerwen. D’Läich vum Fotograf, deen zanter Enn Mäerz vermësst gouf, ass leschte Weekend an engem Bësch an der Géigend vu Long Island fonnt ginn. Dat huet seng Famill en Dënschdeg confirméiert.

De gebiertegen New Yorker hat Demenz a war fir d’lescht den 31. Mäerz viru sengem Haus gesi ginn. De Weekend huet e Jeeër du seng Läich am Camp Hero State Park, ganz um Enn vu Long Island fonnt.
Dem Beard waren a senger laanger Karriär aussergewéinlech Déieren-Opnamen an Afrika gelongen, fir déi hien dacks e grousse Risk agaangen ass. Eemol gouf e souguer vun engem Elefant iwwert de Koup gerannt.

A sengem Billerband “The End of the Game” huet hien an de 60er Joren d’Zerstéierung vun der Natur an Afrika an d’Ëmbrénge vun den Elefanten duerch Wëlderer dokumentéiert. A Kenia, wou hie laang gelieft hat, gouf de Beard 1969 zu enger Prisongsstrof verurteelt, well hien e Wëlderer geschloen a gefesselt hat.

De Peter Beard koum 1938 an enger räicher Famill op d’Welt a war e reegelméissege Gaascht am legendären New Yorker Club “Studio 54". Hien hat och an der Moudewelt als Fotograf immens vill Succès. Vill Toppmodele stounge viru senger Kamera. Hie war et och, deen d’Model Iman a Kenia entdeckt hat a war ënnert anerem och bekannt dofir, vill Succès bei Fraen ze hunn, zum Beispill bei der Schauspillerin Candice Bergen oder Lee Radziwill, der Schwëster vum Jackie Kennedy. Dräi Mol war de Beard bestuet.

Zu senge Frënn hu Kënschtler gezielt wéi de Salvador Dalí an de Francis Bacon. An de 70er Joren hat de Peter Beard d’Rolling Stones op hirer Tour “Exile On Main Street” fotograféiert an Ausstellungen am International Center of Photography zu Manhattan oder am Centre National de la Photographie zu Paräis hu seng Aarbecht gewierdegt.

“De Peter war en aussergewéinleche Mann, deen en aussergewéinlecht Liewen hat”, heescht et no sengem Doud vun der Famill. “Hien ass gestuerwen, wou e gelieft hat: an der Natur.”

Back to Top
CIM LOGO