
D’Schëff, dat no der franséischer feministescher Schrëftstellerin Louise Michel benannt ass, huet den 18. August den Hafe vu Burriana bei Valencia a Spuenien verlooss. En Donneschdeg konnten 89 Persoune gerett ginn, dorënner 14 Fraen an 4 Kanner. Elo soll e sécheren Hafe gesicht ginn, fir d’Passagéier vu Bord ze bréngen.
D’"Louise Michel” seegelt ënnert däitschem Fändel a fält duerch dem Banksy säi Konschtwierk nawell op. Ënnert anerem huet de Kënschtler e Meedche mat enger Schwammwest an engem Rettungsreef a Form vun engem Häerz op déi 31 Meter laang Motor-Yacht gesprayt.