
Dësen Ausdrock beschreift net just Geschichten iwwer Ausserierdescher oder Weltraumreesen. Déi bescht Science Fiction-Geschichten analyséieren den Impakt vun der Wëssenschaft op eis Gesellschaft andeems se froen: Wat wier wann?
“The Man in the High Castle” ass e gutt Beispill fir d’Fro “wat wier wann?”, well et spillt an enger Dimensioun an där Nazi Däitschland den zweete Weltkrich gewonnen huet. 1962 sinn d’USA an zwee gedeelt, den Osten ass ënnert der Kontroll vum Groussen Nazi Räich an de Japaner gehéieren d’Pazifesch Staaten am Westen. Duerch d’Mëtt leeft eng “neutral” Zone, an där Kriminalitéit an Schwaarzmaart dominéieren.
D’Geschicht, déi 1962 vum Philip K. Dick geschriwwe ginn ass, erzielt vun enger ganzer Rei Leit, déi u sech komplett verschidde Liewe féieren, wéi den amerikaneschen SS Obergruppenführer zu New York, eng jonk Fra déi am japaneschen San Franciso lieft, e Resistenzler, dee seng jiddesch Origine muss verstoppen oder de japaneschen Wirtschaftsminister. Hier Weeër kräize sech eréischt, wéi op eemol e Film optaucht, an deem ee Biller gesäit vun enger Welt, an där Däitschland de Krich verluer huet.
Wéi géif eis Welt haut ausgesinn, wann d’Nazien gewonnen hätten? The “Man in the High Castle” weist d’Versioun vun enger Gesellschaft, an där jidderee sech d’Fro muss stellen, wéi wäit e wëll goen, fir seng Wäerter ze vertrieden an engem totalitäre System, dee blannt Follegen a perséinlech Opfer verlaangt, iwwerdeems en all Widderstand kalbliddeg an ouni ze Zécken eliminéiert.
“The Man in the High Castle” kann ee kucken op Amazon Prime.
Deel 1: Orphan Black op Netflix
Deel 1: Good Omens op AmazonDeel 2: Diablero op NetflixDeel 3: Carnival Row op AmazonDeel 4: The Witcher op NetflixDeel 5: Emerald City op Amazon
Deel 1: Absentia op AmazonDeel 2: Killing Eve op Apple +Deel 3: The Fall op NetflixDeel 4: Queen of the south op NetflixDeel 5: Homeland op Amazon
Deel 1: Most Beautiful Thing op Netflix
Deel 2: Gran Hotel op NetflixDeel 3: Outlander op Netflix
Deel 4: Spinning Out op Netflix
Deel 5: Home for Christmas op Netflix
Deel 1: The Alienist op NetflixDeel 2: Las Chicas del Cable op NetflixDeel 3: Mad Men op NetflixDeel 4: Brigada Costa del Sol op Netflix
Deel 5: The Americans op Netflix an Amazon
Deel 1: Supernatural op AmazonDeel 2: The good Wife op AmazonDeel 3: Shameless op AmazonDeel 4: House M.D. op AmazonDeel 5: Star Trek: The Next Generation op Netflix
Deel 1: Südafrika: Queen Sono op NetflixDeel 2: Tierkei: The Protector op NetflixDeel 3: Israel: Beauty and the Baker op AmazonDeel 4: Indien: Made in Heaven op AmazonDeel 5: Korea: Vagabond op Netflix