
Wat vill Leit bei dëser Info wuel verwonnere wäert, ass de Fait, dass d’Lidd vum Mariah Carey, dat ville Leit ëm d’Chrëschtdagszäit jo fatzeg op d’Schlappe geet, nach ni an deene 25 Joer op der Nummer 1 vun de Single-Charts stoung.
Wéi d’Sängerin d’Chrëschtdagslidd nämlech am Joer 1994 op sengem Album “Merry Christmas” publizéiert huet, konnt d’Lidd no den deemolege Reegelen net an d’Single-Charts vun de Billboard Hot 100 opgeholl ginn, well d’Lidd net als Single ausgekoppelt gouf.
D’Reegele goufen awer 1998 geännert, sou dass “All I Want For Christmas Is You” am Januar 2000 fir déi éischte Kéier an d’Charts koum. De Film “Love Actually” aus dem Joer 2003 huet d’Lidd dunn definitiv zu engem Chrëschtdagsklassiker gemaach.
Zënter deem d’Streamingservicer och elo matgerechent ginn an den Charts, war d’Lidd zënter 2012 all Joer an den Charts, awer bis ewell nach ni op der Plaz 1. Wéinst dem 25. Jubiläum gouf natierlech Marketing-technesch zerguttstert nogehollef, sou dass d’Lidd et dëst Joer dann endlech op d’Plaz 1 gepackt huet.
Eleng d’lescht Woch gouf d’Lidd iwwer 45 Millioune mol gestreamt a 34 Millioune mol um Radio gespillt. A Groussbritannien ass et am Moment dat meeschtgestreamte Lidd op Spotify.