
De Bert Jung an de Charel Geimer maache schonn zanter iwwer 10 Joer zesumme Musek. Virun 2 Joer hu si eng nei Formatioun gegrënnt mam Numm “Alfalfa”.
Zanter 6 Méint schaffen de Bert an de Charel un hirer EP. Fir de Finissage vu hire Lidder si si beim Tom Gatti an an den Unison Studios.
Si bezeechnen hir Musek als Pop mat elektronesch an experimentellem Afloss. Ma si setze sech awer keng Grenzen an hirem Genre.