Chronike vun enger Pandemie6 Fotografen dokumentéieren den Impakt vun der Corona-Kris op Lëtzebuerg

RTL Lëtzebuerg
D'Longekrankheet Covid-19 huet dat alldeeglecht Liewen am Grand-Duché op d'Kopp gestallt.

De Coronavirus wierkt sech op eist privat a berufflecht Liewen aus: d’Stroosse sinn eidel, Schoulen, Chantieren an eng Abberzuel Butteker sinn zou, sportlech a kulturell Aktivitéiten am ëffentleche Raum goufen ofgesot, sozial Kontakter mussen esou gutt et geet ageschränkt ginn an iwwerall gesäit ee Mënsche mat Plastikshändschen oder Otemschutzmasken.

Den CNA (Centre national de l’audiovisuel) huet sech dowéinst als Zil gesat, mam Projet “Chronike vun enger Pandemie” den Afloss vun der Pandemie op d’Liewen zu Lëtzebuerg ze dokumentéieren.

6 Fotografe kruten d’Missioun, d’Transformatioun vun de Landschaften, der Geschäftswelt, kulturellen Uerter, touristeschen Attraktiounen, ëffentleche Plazen an dem Transport op Biller festzehalen. An net ze vergiessen de Mënsch selwer; wéi hie sech der Situatioun upasst, am private Liewen, wéi och an der Aarbechtswelt.

© Véronique Kolber

All Fotograf huet sech eng Regioun erausgesicht an dokumentéiert den Ëmschwong wärend enger Zäit vun 3 Wochen. Vum 12. Abrëll u wäert reegelméisseg eng Foto-Serie op de sozialen Netzwierker vum CNA publizéiert ginn.

Lëscht mat de Fotografen, déi matmaachen

Patrick Galbats: Corona Home Diary du photographe
Véronique Kolber: villes et villages du Nord du Luxembourg
Romain Girtgen: Dudelange et le Sud du Luxembourg
Andrés Lejona: la région de la Moselle luxembourgeoise
Carole Melchior: le paysage autour de la frontière belgo-luxembourgeoise
Marc Schroeder: Luxembourg-Ville

PDF: Chroniques d'une pandémie (8.4.2020)

Back to Top
CIM LOGO