
Wéi et schéngt, wier dës déi eelsten Zeechnung, déi jeemools vu Mënschenhand gemoolt gouf, sou Wëssenschaftler vun der australescher Griffith-Universitéit. Ze gesinn ass eng Juegdzeen, déi op d'mannst 43.900 Joer al ass. Jeeër an Déiere sinn op dem 4,5 Meter breede Bild ze erkennen.
An der Chauvet-Hiel a Frankräich goufe Molereie fonnt, déi jorelaang op knapp 40.000 Joer geschat goufen. Elo, mat Hëllef vun där neier Decouverte op Sulawesi, konnt den Alter op ronn 35.300 Joer festgeluecht ginn. Eng aner beandrockend Fielsmolerei, déi net manner wéi 20.000 Joer al ass, gouf an der Lascaux-Hiel entdeckt.