TOL2 Stécker wéi "Objet d’attention" a "Comme s’il en pleuvait"

RTL Lëtzebuerg
Fir déi verschidden Ensembelen ass dës Saison eng Erausfuerderung mat alle Sécherheetsmesuren, déi musse respektéiert sinn.
TOL
Fir déi verschidden Ensembelen ass dës Saison eng Erausfuerderung mat alle Sécherheetsmesuren, déi musse respektéiert sinn.

Gutt datt d’Solidaritéit tëscht groussen a klengen Haiser klappt. D’Christiane Kremer war an d’Prouwe vu gläich zwou Produktiounen, déi ee vun de klengen Theateren, den TOL, grad presentéiert.

Op der Diddenuewenerstrooss ass de klenge Sall vum TOL verlooss. Géif ee sech un déi virgeschriwwen Distanz halen, kéinte grad emol 7 Leit Theater kucke kommen. Mä och mat Mask huet een decidéiert, Distanz ze halen.

Den Ament ass den TOL mat zwou Produktiounen op anere Bünen aktiv, zwee Stécker, déi hu missen reportéiert ginn.

D’Stéck „Objet d’attention“, e Stéck, an deem ee sech ënner Noperen observéiert, war a Co-Productioun am Théâtre National geplangt. Fir d’Acteuren ass et eng Erliichterung endlech nees op der Bün ze stoen, do wou am Spill keng Restriktiounen virgesi sinn. Awer Precautiounen.

Quasi gläichzäiteg leeft am Kapuzinertheater „Comme s’il en pleuvait”, e Stéck, an deem keng Sue geklaut ginn, mee der ëmmer nees kéipweis optauchen. Dës Produktioun profitéiert vun der Solidaritéit tëscht den Theateren. Déi grouss maachen deene klengen hir Säll op. Da bréngt en Ëmdenke mat sech wéi beim Dekor.

E Samschdeg an der Emissioun “No Art on Air” gëtt et e längere Reportage iwwer déi aktuell Produktioune vum TOL.

Back to Top
CIM LOGO