Luxembourg Open Air2. Editioun vum Museksfestival ass op de 24. a 25. Abrëll 2021 verluecht

RTL Lëtzebuerg
Nom grousse Succès vun 2019 war et séier decidéiert, fir den DJ-Festival och 2020 z'organiséieren a nach en Dag drunzehänken.
© Luxembourg Open Air

D’Organisateure hate fest dru gegleeft, datt een déi 2. Editioun den 12. an 13. September kéint ofhalen, well bis dohinner d’Corona-Zäit hanner eis géing leien.

Elo kënnt d’Annonce, datt een op de 24. a 25. Abrëll 2021 verleet.

Déi schonn annoncéiert Museker bleiwen op der Affiche wéi Quintino, Smack an Danko, Michael Calfan, Justin Mylo an Iceleak.

Ween elo scho wëll an de Feeling kommen, dee kann sech hei den Aftermovie vun der LOA-Editioun 2019 ukucken.

PDF Schreiwes

Back to Top
CIM LOGO