
Fir dës Occasioun hätte sollen international Street-Art-Kënschtler an déi gréisste brasilianesch Stad reesen. Wéinst dem Coronavirus huet dunn awer och de Festival misse seng Pläng änneren.
Sou hu d’Organisateuren decidéiert, mat 14 lokalen Artisten zesummenzeschaffen, fir de gréissten Ensembel vu Graffitien a Brasilien ze kreéieren. Am ganze solle sech déi 12 Konschtwierker iwwer eng Surface vun 3.689 Meterkaree erstrecken. All Fresk ass heibäi inspiréiert vun deem jeeweilege Kënschtler senger Visioun vun der aktueller Situatioun.
Vue dass d’Konschtwierker vun de Stroosse vu Sao Paulo aus ze gesi sinn, ass de NaLata Festival net nëmme fir all Mënsch accessibel, mä de Risk, ze vill Spectateuren op eng Plaz ze lacken, déi sech esou kéinten infizéieren, bleift och kleng, esou de Curateur vum Festival, Luan Cardoso.
Iwwer 108.000 Mënsche si bis elo a Brasilien um Coronavirus verstuerwen, een Drëttel dovunner zu Sao Paulo.
Méi Informatioune fannt Dir um NaLata Festival sengem Internetsite.