Etüd iwwer Infektiounsrisiko1.400 Leit bei Tim-Bendzko-Concert-Experiment mat dobäi

RTL Lëtzebuerg
An 3 verschiddenen Zenarien huet den däitsche Popstar Tim Bendzko e Samschdeg live Musek virun dausende Spectateure gespillt.

Fuerscher vun der Universitéit Halle hunn e Samschdeg Donnéeën iwwert d’Ustiechungsgefor op gréissere Veranstaltunge gesammelt. Déi perfekt Geleeënheet dofir war d’Arena zu Leipzig. 2.100 Mënschen hate sech fir de Concert am Kader vum Fuerschungsprojet “Restart19" ugemellt, et goufen der awer duebel esouvill erwaart. Schlussendlech waren der just 1.400 mat dobäi e Samschdeg. Dës gi vu Sensoren an aneren techneschen Hëllefsmëttel iwwerwaacht a kruten och d’Féiwer gemooss, éier si Zoutrëtt an d’Concertshal kruten. Mat Hëllef vu “Contact Tracer” goufen d’Weeër iwwerwaacht, déi d’Museksfrënn zeréckleeën.

Mam Experiment wëllen d’Fuerscher erausfannen, wéi ee gréisser Veranstaltunge wéi Concerten a Festivalle kann a Corona-Zäiten organiséieren. Zil vun der Datenerhiewung ass e mathematescht Modell, mat deem sech de Risiko vun engem Corona-Ausbroch an enger Hal aschätze léisst. D’Resultater vun dëser Etüd sollen am Hierscht presentéiert ginn. Finanzéiert gouf d’Etüd vun de Bundeslänner Sachsen und Sachsen-Anhalt.

Fir dass de Concert kee “Superspreader-Event” ass, hunn alleguerten d’Leit e Mask missen unhunn a virum Evenement e Corona-Test gemaach hunn.

Bis Enn Oktober goufe sämtlech gréisser Veranstaltungen an Däitschland verbueden. Virun allem de Sport- a Kultursecteur leiden ënnert den Annulatiounen an hoffen op Léisungen, fir nees kënne Spectateuren z’empfänken, ouni hir Gesondheet a Gefor ze bréngen.

Back to Top
CIM LOGO