
Op der 2. Etapp goung et fir den Giro a Bulgarien weider. 221 Kilometer goufe vu Burgas op Veliko Tarnovo gefuer. Um Enn huet sech de Thomas Silva (XDS Astana Team) an engem Sprint aus engem Grupp vu 34 Coureuren eraus duerchgesat. Op d'Plazen 2 an 3 koumen de Florian Stork (Tudor) an den Giulio Ciccone (Lidl-Trek). Ronn 11 Kilometer viru Schluss hat de Vingegaard attackéiert, et war awer net duergaange fir sech ofzesetzen. 23 Kilometer virun der Arrivée gouf et wéi um éischten Dag eng schwéier Chute bei där vill Coureure vun UAE um Buedem louche. Den Adam Yates huet doduerch vill Zäit verluer.
Am General huet de Silva och d'Féierung iwwerholl. De Stork an den Egan Bernal stinn op de Plazen 2 an 3.
E Lëtzebuerger Coureur ass bei der 109. Editioun vum Giro d'Italia net dobäi. E Sonndeg steet dann déi drëtt Etapp um Programm, wou et iwwer 175 Kilometer vu Plodiv op Sofia geet.
1 Silva Thomas XDS Astana Team 05:39:25
2 Stork Florian Tudor Pro Cycling Team ,,
3 Ciccone Giulio Lidl-Trek ,,
4 Scaroni Christian XDS Astana Team ,,
5 Pellizzari Giulio Red Bull-BORA-hansgrohe ,,
6 Sobrero Matteo Lidl-Trek ,,
7 Leknessund Andreas Uno-X Mobility ,,
8 Christen Jan UAE Team Emirates-XRG ,,
9 Tjøtta Martin Uno-X Mobility ,,
10 Rondel Mathys Tudor Pro Cycling Team ,,
1 Silva Thomas XDS Astana Team 09:00:23
2 Stork Florian Tudor Pro Cycling Team + 04
3 Bernal Egan Netcompany INEOS Cycling Team ,,
4 Arensman Thymen Netcompany INEOS Cycling Team + 06
5 Ciccone Giulio Lidl-Trek ,,
6 Christen Jan UAE Team Emirates-XRG + 10
7 Kulset Johannes Uno-X Mobility ,,
8 Tjøtta Martin Uno-X Mobility ,,
9 Van Eetvelt Lennert Lotto-Intermarché ,,
10 Rafferty Darren EF Education-EasyPost ,,