Tour de France 2028Grand Départ zu Reims, net zu Lëtzebuerg

Tom Nols
Tom Flammang
Fir den Depart vum Tour de France 2028 auszeriichten, ass de Choix vun den Organisateuren op d'Kréinungsstad gefall. Déi lëtzebuergesch Kandidatur ass net zréckbehale ginn.
2019 ass den Tour fir d'lescht zu Reims passéiert
2019 ass den Tour fir d'lescht zu Reims passéiert
© ANNE-CHRISTINE POUJOULAT/AFP

Den Tour de France 2028 wäert zu Reims ufänken. Dat huet den Organisateur ASO e Méindeg matgedeelt. Donieft wäerten déi véier éischt Etappen duerch d'Regioun Grand Est féieren.

Reims war fir den Optakt vun der Editioun 2028 a Konkurrenz mat Lëtzebuerg. 2014 an 2019 hat den Tour Statioun zu Reims gemaach, de leschte Grand Depart vum Tour de France zu Reims geet op 1956 zréck. Deemools war déi éischt Etapp vu Reims op Léck gaangen.

Keen Depart, dofir eng Etapp zu Lëtzebuerg?

Nieft Reims si fir déi éischt Etappen Epernay, Charleville-Mézières, Verdun, awer och Metz an Thionville um Parcours. De geneeën Tracé fir 2028 ass nach net devoiléiert ginn, mee de Peloton géif sech duerno a Richtung Lëtzebuerg weider beweegen, wou eng Etapp kéint gefuer ginn, sou den ASO-Chef Christian Prudhomme, fir déi "formidabel" Kandidatur vu Lëtzebuerg ze belounen. Am Kader vum 100. Anniversaire vum Nicolas Frantz senger zweeter Victoire hätt hien dem Luc Frieden e Passage am Grand-Duché proposéiert an dem Premier hätt déi Iddi gefall gehat.

Tour de France 2028: Grand Départ zu Reims, net zu Lëtzebuerg
Dem Tom Flammang no hätt Lëtzebuerg duerchaus gutt Argumenter gehat, fir den Depart ze organiséieren. Et kéint awer sinn, dass eng Etapp duerch d'Land geet.

Dat géif heeschen, datt den Tour de France op d'mannst ganz no un d'Lëtzebuerger Grenz wäert kommen. Den Optakt vun der 115. Grande Boucle ass den 24 Juni 2028.

D'Reaktioun vun der Sportsministesch Martine Hansen

Op Nofro vun RTL huet d'Sportsministesch Martine Hansen e Méindegnomëtteg erkläert: "Dat war den Haptgrond, de Premier Minister Luc Frieden hat iwwert de Weekend ee ganz konstruktiivt Gespréich mam Christian Prudhomme vun der ASO. Et wier ganz kloer eng Decisioun fir Frankräich an net géint Lëtzebuerg. Et wéilt een eben nees den Depart a Frankräich hunn. Sou wéi et den Ament ausgesäit, hoffe mir elo, datt den Tour de France awer nach 2028 wäert op Lëtzebuerg kommen, mir hoffen datt mir eng Etapp kréien."

Martine Hansen iwwer den Tour de France 2028

Back to Top
CIM LOGO