
Mat engem fantastesche Sprong op 103 Meter am éischten Duerchgang hat den Éisträicher Stefan Kraft de Grondsteen fir d’Victoire zu Rasnov a Rumänien geluecht. 103 Meter bedeiten och neie Schanzerekord an déi goufen och nach vum Gregor Schlierenzauer an Constantin Schmid gesprongen. Am zweeten Duerchgang konnt de Kraft seng Féierung dann verdeedegen a wënnt mat insgesamt 270,3 Punkten virum Däitschen Karl Geiger (266,7) an Constantin Schmid (260,2).