Lëtzebuerger Sportler am AuslandVictoire fir de Kamil Rychlicki mat Ravenna

RTL Lëtzebuerg
An der däitscher Handball-Bundesliga huet d'Tina Welter mat Waiblingen gläich gespillt.
© pressphoto (Archiv)

An der zweeter Däitscher Handball-Bundesliga huet Waiblingen mam Tina Welter e Samschdeg den Owend zu Rödertal 25:25 gläichgespillt. D'Lëtzebuerger Nationalspillerin huet 2 Punkte fir hir Ekipp markéiert. An der Paus stoung et tëscht béiden Ekippe 14:14. An der Tabell steet Waiblingen op der 5. Plaz mat 21 Punkten.

An der däitscher Basketball-Bundesliga hunn d'XCYDE Angels mam Magaly Meynadier mat 56:65 (13.14, 16.16, 12:21, 15:14) zu Freiburg verluer. D'Lëtzebuergerin huet dräi Punkte markéiert. Den Ament steet d'Ekipp vum Meynadier op der 7. Plaz an der Tabell a géing et an den Titelgrupp packen.

Am hollännesche Championnat huet Den Helder mam Alex Laurent mat 44:76 (6:18, 12:24, 13:12, 13:22) géint Zwolle de Kierzer gezunn. De Lëtzebuerger Nationalspiller huet 19 Punkte fir seng Ekipp markéiert.

Am Volleyball huet de Kamil Rychlicki e Samschdeg an Italien mat Ravenna auswäerts gewonnen. De Lëtzebuerger huet sech mat senger Ekipp mat 3:1 (20:25, 25:18, 30:28, 25:19) géint BCC-NEP Castellana behaapt. Mat 24 Punkte war de Rychlicki de beschte Spiller.

Back to Top
CIM LOGO