Futtball InternationalValencia wënnt ënnert anerem 3-0 géint Sporting Gijón

RTL Lëtzebuerg
Um Dënschdeg stounge virun allem Matcher aus der Copa del Rey an dem FA Cup um Programm.
© ANDER GILLENEA / AFP

Copa Del Rey

Hei waren et 2 Matcher déi gespillt goufen, dorënner Real Valladolid an FC Getafe déi sech 1:1 trennen. Domadder steet Getafe an der Véierelsfinall, si haten den Allersmatch nämlech mat 1:0 gewonnen. Am anere Match, nämlech Valencia géint Sporting Gijón huet d'Ekipp vu Valencia kloer d'Iwwerhand behalen a ka sech mat 3:0 duerchsetzen. Den Allersmatch hat Valencia nach mat 1:2 verluer, ma duerch déi héich Victoire am Retourmatch steet een an der nächster Ronn.

FA Cup

Hei goufen et am ganzen 3 Partien, ugefaangen mam Match Blackburn Rovers géint Newcaslte United. Hei konnt Newcastle United sech mat 4:2 duerchsetzen, dat no Verlängerung.

An der Partie Luton Town géint Sheffield Wednesday, kann d'Ekipp aus Sheffield sech mat engem 1:0 duerchsetzen. An Shrewsbury Town wënnt 3:2 géint Stoke City.

Back to Top
CIM LOGO