
D'Verlängerung soll fir d'éischt emol fir een halleft Joer gëllen. Wéi eng Spriecherin vum Inneministère dem "Deutschlandfunk" géigeniwwer confirméiert huet, wier eng entspriechend Demande un d'EU-Kommissioun geschéckt ginn. Als Grond fir déi dann antëscht scho véiert Verlängerung vun de Kontrollen un den däitsche Grenzen hätt de Bundesinneminister Alexander Dobrindt (CSU) d'Entwécklungen un den europäesche Baussegrenze genannt.
U sech si Grenzkontrollen am Schengeraum net virgesinn, ma trotzdeem kontrolléiert Däitschland zanter September 2024 - eng Mesüre, déi ënnert anerem aus Lëtzebuerg ëmmer nees schaaft kritiséiert gouf. De Lëtzebuerger Inneminister Léon Gloden hat schonn e puermol bei sengem däitschen Homolog intervenéiert.