FOTOEN: ÄishockeyTornado Lëtzebuerg dominéiert Dijon

RTL Lëtzebuerg
An der drëtter franséischer Divisioun huet den Tornado Lëtzebuerg e Samschdeg kloer mat 8:0 géint Dijon gewonnen.
© Val Wagner

Eng souverän Victoire gouf et e Samschdeg den Owend fir den Tornado Lëtzebuerg an drëtter franséischer Divisioun. Géint Dijon gouf et op der Kockelscheier eng 8:0-Victoire. Nom éischte Véierel loung ee scho mat 4:0 a Féierung, an den zweeten 20 Minutten ass ee weidere Gol dobäi komm an am leschte Véierel waren et der nach dräi.

No 12 Spilldeeg steet den Tornado mat 22 Punkten op der 3. Plaz an der Tabell. Leader ass Epinal mat 36 Punkten an DammarIE-lès-Lys huet op der zweeter Plaz 25 Punkten um Kont.

FOTOGALERIE: Andréck vum Val Wagner

Back to Top
CIM LOGO