
Fir de Bomm- an Diskusspezialist ass elo wärend 2 Méint e streng doséierten Training ugesot. Tom Habscheid:“Et ass ee klenge Knorpelrëss am Knéi an deen huet een Eedem erbäi geruff an deen deet elo Wéi. Dat kënnt duerch déi schwéier Belaaschtung, déi ech beim Training hunn, well ech eeben déi riets Säit am schwéierste belaaschten. An doduercher kënnt dat.”
Trotz de Blessure bleift den Tom Habscheid optimistesch, fir dat nächste Joer bei de Para-Olympics zu Tokyo nees an Top-Form ze sinn.