
Direkt 3 Kontrakter ginn nom 31. Dezember dëst Joer net méi verlängert. An dat sinn net déi onwichtegst Posten.
Ugefaangen mam Ralf Heiler, deen zanter knapp 2 Joer techneschen Direkter ass. Dann dee vum Nationaltrainer Alexander Lüdeke, deen och zanter knapp 2 Joer op deem Posten ass. An och de Jugendnationaltrainer Thomas Kessler muss no 5 Joer goen. De President vun der Judo Federatioun, Serge Schaul seet, dass ee sech déi Entscheedungen net einfach gemaach huet.
Serge Schaul: Mir hunn iwwer all eenzelen an awer och mat all eenzelem diskutéiert a sinn dunn awer zum Entschloss komm, dass mir déi selwecht d’Ziler hunn, awer mat der Ëmsetzung a mat de Resultater net kënnen zefridde sinn.
Virun allem sinn d’Athleten natierlech vun deenen Decisioune betraff. An dat suergt ënnert de Sportler logescherweis fir Diskussiounen.
Serge Schaul: Ech denken dat ass ganz normal. Net all Verhältnis tëscht Sportler an Trainer ass dat selwecht. Deen ee gëtt besser eens wéi deen anere mat engem Trainer. Ech mengen awer, dass si eng nei Motivatioun gesi mat engem neien Trainer.
Virun allem hat den aktuell beschte Lëtzebuerger Judoka, Claudio Nunes dos Santos eng gutt Relatioun mam Alexander Lüdeke. Fir de Serge Schaul ass et kloer, dass déi Trennung elo net einfach ass.
Serge Schaul: Et muss ee wëssen, dass de Claudio dat leschte Joer iwwer 160 Deeg mam Alexander Lüdecke ënnerwee war. Do entsteet natierlech een enkt Verhältnis. Ech hat d’Méiglechkeet schonns perséinlech mam Claudio ze schwätzen an hie weess, dass mir hien an d’Anetta net eleng loossen a si esou gutt wéi méiglech encadréieren, well mir hunn alleguerten dat selwecht Zil.
An een Zil ass eng méiglech Qualifikatioun vum Claudio Nunes dos Santos fir d’Olympesch Spiller dat nächste Joer zu Tokyo.