
Um Sonndeg stoung am Schisprangen bei de Männer d'Eenzelkompetitioun zu Zakopane a Polen um Programm.
No 2 Duerchgäng konnt sech um Enn de Stefan Kraft aus Éisträich feiere loossen, dëst mat insgesamt 278,3 Punkten. Et war déi éischt Victoire vun engem Éisträicher zanter iwwer 40 Sprangen. Zweete gouf de Norweger Robert Johansson. De Japaner Yukiya Sato konnt mat senger drëtter Plaz de Podium komplettéieren.
Am General bleift de Japaner Ryoyu Kobayashi un der Spëtzt, dëst virum Kamil Stoch an dem Piotr Zyla, alle béid aus Polen.