
Normalerweis ginn déi nei Kaderen ëmmer am Januar, respektiv fir d’Wantersportaarten, e puer Méint méi spéit bekannt ginn. Duerch de Covid-19 ass dat awer elo praktesch net méiglech, seet den Directeur Technique vum Lëtzebuerger Olympesche Comité, Heinz Thews.
“Mir hunn d’Kaderrevisioun vun de Wantersportaarten dëst Fréijoer net gemaach, well mir net genuch Resultater haten. Dat selwecht wäerte mir normalerweis och am Hierscht fir d’Summer-Sportaarte maachen. Duerch de Manktem u Kompetitiounen hu mir net genuch Resultater. D’Athleten sollen net dorënner leiden”.

RTL-NEWS: COSL huet fir Federatiounen e puer Recommandatiounen ausgeschafft