
Den 13. November soll d’Saison 2020/2021 ufänken. Dofir hu sech déi 14 Veräiner wärend enger Videokonferenz e Méindeg entscheet. Konditioun ass awer, dass déi finanziell an sanitär Situatioun dat dee Moment och erméiglecht.
Ee konkrete Kalenner misst Mëtt September ëffentlech gemaach ginn. Virdru sollt den Saisonsstart den 18. September sinn, wat opgrond vun der Pandemie verréckelt gouf.
Dës Entscheedung soll de Veräiner erméigleche méi Zäit ze hunn, fir sech op eng potentiell Rentrée virzebereeden.