Lëtzebuerger SchwammfederatiounSaison 2019/2020 ass eriwwer

RTL Lëtzebuerg
Wéi scho vill Federatioune virdrun, huet elo och d´FLNS decidéiert, datt wéinst dem Coronavirus bis den 31. Juli all Aktivitéiten ofgesot sinn.
© pressphoto (Archiv)

Dat betrëfft net nëmmen d’Kompetitiounen am Schwammen, mee och am Waasserball, dem Synchronschwammen an och am Sprangen. D’FLNS huet och nach matgedeelt, dass d´Kader-Kritären op Äis geluecht ginn.

Alleguerten déi Athleten, déi awer elo schonns d’Konditiounen gepackt hunn, fir an ee méi héije Kader ze kommen, déi ginn eropgestuuft.

PDF: Schreiwes vun der FLNS

Back to Top
CIM LOGO