
Laang war onkloer, fir wéi eng Futtball-Nationalekipp de Ryan Johansson an Zukunft wëllt spillen. Schweden, Irland a Lëtzebuerg sinn a Fro komm. Bei den U-Ekippen huet hie fir déi dräi Länner gespillt. Um Samschdeg soll elo eng Decisioun gefall sinn.
Iresch Medien hunn nämlech gemellt, datt de Johansson, deen an der U19 vu Bayern München spillt, an Zukunft fir Irland wëllt spillen. Seng Mamm huet dat der irescher Zeitung "independent.ie" bestätegt.