
Bei den Damme stinn d'Petra Kvitova an d'Naomi Osaka an der Finall vun den Australian Open. Déi tschechesch Tennisspillerin gewënnt an der Halleffinall an zwee Sätz mat 7-6 a 6-0 géint d'Amerikaner Danielle Collins.
An där aner Halleffinall hunn d'Karolina Pliskova, d'Nummer 8 op der Welt, an d'Naomi Osaka, d'Nummer 4, géintenee gespillt. Den 1. Saz gewënnt d'Japanerin mat 6-2, iwwerdeems se den 2. mat 4-6 verléiert. Am 3. Saz behält d'Osaka d'Iwwerhand a gewënnt um Enn an 3 Sätz mat 6-2, 4-6 a 6-4.

Bei den Häre kann de Rafael Nadal sech kloer an 3 Sätz géint de jonke Griich Stefanos Tsitsipas duerchsetzen, dëst mat 6-2, 6-4 a 6-0. Domat trëfft den Nadal an der Final op de Gewënner aus dem Match Djokovic - Pouille.