
D'Mandy Minella ass déi aktuell Nummer 102 op der Welt.
Besser dogéint ass et fir d'Eléonora Molinaro gelaf. Si steet beim ITF-Tournoi zu Le Havre an der Aachtelsfinalle. Déi jonk Lëtzebuerger Tennisspillerin gewënnt mat 6-1, 3-6 a 6-1 géint d'Maneva Rakoto-Malala aus Frankräich. An der nächster Ronn kritt d'Eléonora Molinaro et haut mat der Irys Ekani, och aus Frankräich, ze dinn.
