
Fir genau ze sinn am nationalen Tennis Center zu Esch. Nodeems een am Februar dëst Joer e grousse Succès hat an och an d'Europa/Afrika Grupp 1 opgestigen ass, kritt een eng weider Geleeënheet, fir heiheem de Fed Cup ze spillen. D'Géignerinne wäerten dann aus Schweden, Serbien, der Tierkei, Slowenien a Polen kommen.
D'Matcher si vum 5. bis den 8. Februar 2020 geplangt.
FED CUP 2020 heiheem!
Dammen Nationalequipe trëtt am Februar am nationalen Tennis Center zu Esch un.
Nom grousse Succès am leschte Februar heiheem an dem domadder verbonnenen Opstig vun der Fed Cup Equipe an d'Europa/Afrika Grupp 1 kréien eis FLT Dammen och 2020 nach eng Kéier d'Chance heiheem virun eegenem Public dierfen unzetrieden. D'Géignerinne vun der FLT Dammen Nationalequipe sinn d'Fed Cup Teams aus Schweden, Serbien, der Tierkei, Slowenien a Polen.
Mat de Serben, aktuell Nummer 21 an der Tennis Natioune Weltranglëscht (mat 5 Spillerinnen am WTA Ranking ënnert den TOP 200), Polen Nummer 26 (mat 2 Spillerinnen am WTA Ranking ënnert den TOP 100) a Schweden Nummer 29 (mat 1er Spillerin ënnert den TOP 50 am WTA Ranking) kommen 3 Teams aus den TOP 30 vun der Welt op Lëtzebuerg.
Komplettéiert gëtt d'6er Feld mat der Tierkei (38) a Slowenien (51). Lëtzebuerg fënnt sech op der Plaz 44 erëm.
Den Asaz fir déi 6 Natioune ass ganz héich déi Woch. 2 Natioune wäerten sech nämlech fir d'Play Offs am Abrëll 2020 qualifizéiere fir esou d'Chance ze hunn um héchste Level am Damme Welttennis ze spillen.
Gespillt gëtt vum 5.- 8. Februar 2020 am nationalen Tennis Center zu Esch.