
An der Finall vun den ATP Masters zu Paräis hat de Serb Novak Djokovic mat enger Victoire d'Chance säi 34. Masters-Titel ze gewannen. Dëst sollt him dann och geléngen.
Schonn nom 1. Saz war d'Richtung vun der Ausernanersetzung géint de Kanadier Denis Shapovalov virginn, dësen huet den Djokovic nämlech mat 6:3 fir sech entscheet. Am 2. Saz konnt den 32 Joer ale Serb dem Shapovalov de Service ofhuelen an huet schliisslech och dësen, déi Kéier mat 6:4, gewonnen.
Dem Novak Djokovic ass deemno säi 34. Masters-Titel gelongen. Him feelt domat just nach ee fir mam Rafael Nadal gläichzezéien.
D'Ashleigh Bartey, d'Nummer 1 am WTA Ranking, huet e Sonndeg zu Shenzhen bei de WTA Finals géint d'Titelverdeedegerin Jelina Switolina gewonnen. Domat huet d'Australierin hiert aussergewéinlech gutt Tennis-Joer, no dem Succès bei de French-Open, op en Enn bruecht.
Si huet der Switolina aus der Ukrain an 2 Sätz mat 6:4 a 6:3 keng Chance gelooss. Domat kasséiert si ronn mat 4,4 Milliounen Dollar Präisgeld déi héchste Primm an der Tennis-Geschicht.
