D'Naomi Osaka huet e Samschdeg de Moien an 3 Sätz verdéngt mat 7:6 (7:2), 5:7 a 6:4 d'Finall vun den Australian Open gewonnen. Déi 21 Joer jonk Japanerin ka sech domadder iwwert hir zweete Victoire bei engem Grand Slam freeën a steet vun e Méindeg un un der Spëtzt vun der Tennisweltranglëscht. D'Osaka schreift domadder Geschicht.
Et war vun Ufank un eng Partie op engem ganz héijen Niveau a béid Spillerinne konnte sech op hir Stäerkt de Service verloossen. Den éischte Saz huet 53 Minutte gedauert a gouf um Enn am Tiebreak decidéiert. Hei war d'Osaka méi staark, louch séier a Féierung, konnt dëse mat 7:2 gewannen an domadder de Saz mat 7:6.
Am zweete Saz hat d'Kvitova de besseren Ufank a loung mat 2:0 a Féierung. D'Japanerin huet sech dovunner awer net aus der Rou brénge gelooss, huet d'Tschechin ënner Drock gesat an de Saz gedréint. Aus dem Réckstand huet déi 21 Joer jonk Spillerin mat zwee Breaken eng 4:2-Féierung gemaach. D'Osaka hat du beim Tëschestand vu 5:3 dräi Matchbäll, ma konnt keen dovunner notzen. D'Japanerin ass nervös ginn, ass komplett aus hirem Spill komm an huet de Saz um Enn missen no 56 Minutte mat 5:7 ofginn.
Trotz hirem jonken Alter huet d'Osaka sech duerno awer nees ënne Kontroll kritt an ass zeréck an de Match komm. Duerch e Break ass si am drëtten an decisive Saz mat 2:1 a Féierung gaangen, fir du bei eegenem Service op 3:1 ze setzen. D'Japanerin huet den Avantage dës Kéier net méi hierginn an huet de Saz um Enn mat 6:4 fir sech entscheet. D'Osaka gewënnt doduerch d'Finall vun den Australian Open mat 2:1 an de Sätz géint d'Petra Kvitova.
Fir d'Osaka ass et no der Victoire vun de US Open 2018 deen zweete Grand Slam, dee si fir sech entscheede kann. D'Japanerin, déi sech iwwert ee Präisgeld vu ronn 2,5 Milliounen Euro freeë kann, ass vun e Méindeg un och déi nei Nummer 1 am Dammentennis. Bis elo war nach kenger Japanerin dëst gegléckt.
Och wann et fir d'Petra Kvitova um Enn net duergaangen ass, war et fir d'Tschechin e ganz groussen Dag. No engem Iwwerfall 2016 hat d'Kvitova ganz uerg Blessuren un den Hänn dovunner gedroen a laang Zäit war duerno net kloer, ob d'Tschechin erëm eng Kéier kéint Tennis spillen. Elo ass si definitiv zeréck un der Weltspëtzt. Och wann et e Samschdeg net duergaangen ass fir déi drëtte Victoire bei engem Grand Slam. Si hat 2011 an 2014 Wimbledon gewonnen.