Tennis-WeltranglëschtNaomi Osaka nei Nummer 1 bei den Dammen

RTL Lëtzebuerg
Et ass offiziell. Zanter dësem Méindeg sinn d'Naomi Osaka, d'Gewënnerin vun den Australien Open, an d'Petra Kvitova déi weltbescht Tennisspillerinnen.
© AFP

D'Japanerin Osaka huet mat 21 Joer déi éischt Plaz am WTA-Ranking iwwerholl, no hirer Victoire e Samschdeg géint d'Petra Kvitova aus Tschechien, déi an der neier Weltranglëscht op déi 2. Plaz kënnt.

D'Simona Halep aus Rumänien, déi bis ewell op der éischter Plaz stoung, ass op déi 3. Plaz zeréckgefall. D'Angelique Kerber aus Däitschland, déi bis ewell op déi 2. Plaz koum ass elo d'Nummer 6 op der Welt.

1. Naomi Osaka (JPN) 7.030 pts (+3)

2. Petra Kvitova (CZE) 6.290 (+4)

3. Simona Halep (ROU) 5.582 (-2)

4. Sloane Stephens (USA) 5.307 (+1)

5. Karolina Pliskova (CZE) 5.100 (+3)

6. Angelique Kerber (GER) 4.965 (-4)

7. Elina Svitolina (UKR) 4.940

8. Kiki Bertens (NED) 4.430 (+1)

9. Caroline Wozniacki (DEN) 3.566 (-6)

10. Aryna Sabalenka (BLR) 3.485 (+1)

11. Serena Williams (USA) 3.406 (+5)

12. Darya Kasatkina (RUS) 3.355 (-2)

13. Anastasija Sevastova (LAT) 3.330 (-1)

14. Ashleigh Barty (AUS) 3.285 (+1)

15. Garbine Muguruza (ESP) 3.035 (+3)

16. Julia Görges (GER) 2.995 (-3)

17. Madison Keys (USA) 2.786

18. Wang Kiang (CHN) 2.605 (+3)

19. Caroline Garcia (FRA) 2.550

20. Anett Kontaveit (EST) 2.355

D'Mandy Minella kënnt an där neier Tennisweltranglëscht op déi 101. Plaz, d'Lëtzebuergerin huet sech domat ëm eng Plaz verbessert. D'Eléonora Molinaro ass elo op der Positioun 435. Si verléiert 3 Plazen.

ATP-Ranking

Bei den Häre bleiwen Djokovic an Nadal op de Plazen 1 an 2. Den Alexander Zverev klëmmt op Plaz 3, woubäi de Roger Federer op Plaz 6 zeréckfält.

1. Novak Djokovic (SRB) 10.955 pts

2. Rafael Nadal (ESP) 8.320

3. Alexander Zverev (GER) 6.475 (+1)

5. Juan Martin Del Potro (ARG) 5.060 (+1)

6. Kevin Anderson (RSA) 4.845 (+1)

6. Roger Federer (SUI) 4.600 (-3)

7. Kei Nishikori (JPN) 4.110 (+2)

8. Dominic Thiem (AUT) 3.960

9. John Isner (USA) 3.155 (+1)

10. Marin Cilic (CRO) 3.140 (-3)

11. Karen Khachanov (RUS) 2.880

12. Stefanos Tsitsipas (GRE) 2.805 (+3)

13. Borna Coric (CRO) 2.605 (-1)

14. Milos Raonic (CAN) 2.250 (+3)

15. Fabio Fognini (ITA) 2.225 (-2)

16. Daniil Medvedev (RUS) 2.000 (+3)

17. Lucas Pouille (FRA) 1.955 (+14)

18. Roberto Bautista Agut (ESP) 1.955 (+6)

19. Marco Cecchinato (ITA) 1.870 (-1)

20. Diego Schwartzman (ARG) 1.835 (-4)

Och de Gilles Muller steet nach ëmmer am offiziellen ATP-Ranking, dat op Plaz 184. Domat verléiert hie 36 Plazen. Soss ass aktuell kee Lëtzebuerger am ATP-Ranking opgelëscht.

Back to Top
CIM LOGO