
Beim ITF-Tennis-Tournoi zu Las Vegas an den USA ass d'Mandy Minella am Eenzel an der 1/8-Finall eliminéiert ginn. Am Dubbel ass et dofir ëmsou besser fir d'Lëtzebuerger Nummer 1 gelaf. Mat hirer Partnerin Olga Govortsova huet de Wee bis an d'Finall gefouert. Hei huet e Samschden den Owend déi amerikanesch Koppel Sophie Chang an Alexandra Mueller gewaart. Um Enn gouf et eng souverän Victoire an zwee Sätz mat 6:3 a 6:4.
Am 1. Saz hu Minella a Govortsova virun allem nom 1. Service vill méi Punkten wéi hir Géignerinne gemaach, an hunn d'Amerikanerinne gläich zwee Mol konnte Breaken. Sou ass den 1. Saz mat 6:3 fir d'Lëtzebuergerin an hir Partnerin op en Enn gaangen.
Och den 2. Saz ass aus Siicht vun der Lëtzebuerger Nummer 1 richteg gutt ugaangen. Mat engem Break an dem duerchbrénge vum eegene Service stoung et zimlech séier 2:0. An der Suite hunn d'Amerikanerinnen Sophie Chang an Alexandra Mueller net méi an de Match fonnt. Minella a Govortsova kënne sech an 2 Sätz mat 6:3 a 6:4 den Titel zu Las Vegas sécheren.