
E Méindeg huet d'Kapitänin Anne Kremer d'Nimm vun de 5 Spillerinne bekannt ginn, déi selektionéiert goufen.
Et sinn d'Lëtzebuerger Nummer 1 Mandy Minella. Do dernieft goufen och nach d'Eléonora Molinaro, d'Claudine Schaul, Laura Correia an d'Marie Weckerle zeréckbehalen.
Trainer vun der FLT-Selektioun ass de Fred Baade.