
E Méindeg den Owend war den Tirage zu Lille.
D'Equipe vum Thierry Henry, déi op déi zweetlescht Plaz an der Ligue1 kënnt, spillt entweder den 22. oder den 23. Januar géint d'Grenats mam Lëtzebuerger Nationalspiller Laurent Jans.
De Paris SG, véierfache Coupe-Gewënner kritt donieft entweder Besuch vu Grenoble aus der Ligue2 oder Stroossbuerg, déi de 16. Januar géintenee spillen.