Schi Alpin - SlalomMarcel Hirscher och zu Adelboden net ze schloen

RTL Lëtzebuerg
Op en Neits heescht de Gewënner vum Slalom Marcel Hirscher. Den Éisträicher konnt sech e Sonndeg zu Adelboden eng weider Victoire sécheren.
© AFP

Dobäi louch hien nom éischte Laf nëmmen op der drëtter Plaz. Hei louch nämlech nach säi Landsmann Marco Schwarz a Féierung, fir dee war et awer d'Aus am zweete Duerchgang. Duerch ee gudden zweete Laf konnt den Hirscher sech dunn awer déi 1. Plaz sécheren. Um Enn hat hien eng hallef Sekonn Avance op de Clément Noel aus Frankräich an 71 Honnertstel op den Norweger Henrik Kristoffersen.

Back to Top
CIM LOGO