
Der Lëtzebuergerin huet eng Plaz gefeelt, fir direkt an den Haapttableau ze kommen. Am éischten Tour vun der Qualifikatioun krut déi 33 Joer al Spillerin vun der Spora et e Mëttwoch mam Pemra Ozgen (WTA-237) ze dinn.
D'Mandy Minella hat bis elo eng Kéier géint d'Tierkin gespillt an hat do zejoert kloer an 2 Sätz zu Stuttgart gewonnen.
D'Bilanz bleift also positiv, well och bei den Australian Open behält d'Lëtzebuergerin d'Iwwerhand. Um Enn stoung et 6-2, 4-6 a 6-4 fir d'Mandy Minella.
Am 2. Tour waart elo d'Nummer 390 am WTA-Ranking, dat a Persoun vun der Wäissrussin Olga Govortsova. Bis elo hu béid Spillerinnen 3 mol géintenee gespillt ... 3 mol huet d'Wäissrussin gewonnen.