TennisMandy Minella bei WTA Tournoi an Thailand eliminéiert

RTL Lëtzebuerg
An der 1. Ronn krut d'Lëtzebuergerin et mat der Chinesin Saisai Zheng ze dinn, d'Nummer 42 op der Welt. D'Minella verléiert an 3 Sätz.
© pressphoto.rtl.lu (Archiv)

Den 1. Saz geet mat 7:6 un d'Mandy Minella. Den zweete, grad wéi den 3. Saz gi mat 6:4 un d'Chinesin.

Lo kënnt d'Minella dann nees op Lëtzebuerg, wou jo dann d'nächst Woch de Fed Cup zu Esch am nationalen Tenniszenter am Mëttelpunkt steet.

D'Mandy Minella kënnt an der neier Tennisweltranglëscht op déi 101. Plaz. D'Chinesin ass beim Tournoi an Thailand op Plaz 4 gesat.

Back to Top
CIM LOGO