Lëtzebuerger Sportler am AuslandMagalie Meynadier muss Néierlag op 2 Punkten astiechen

RTL Lëtzebuerg
Iwwerdeems konnten dem Thomas Grün seng Gladiators Tréier an der eegener Hal een 88:79-Erfolleg feieren.

En Donneschdeg den Owend gouf an der 1. däitscher Basket-Bundesliga bei den Damme fir de Kont vum 12. Spilldag gespillt. An hei gouf et eng knapp 66:68-Defaite fir dem Magalie Meynadier säi Club vun den Angels aus Nördlingen. Schonns an der Paus louch d'Ekipp ronderëm d'Lëtzebuergerin mat 33:36 am Desavantage an och no der Paus konnten d'Angels géint d'Lions vun Halle näischt entgéintsetzen. D'Magalie Meynadier koum bal 27 Minutten iwwer an den Asaz an huet 4 Punkte gemaach.

Och bei den Häre gouf an Däitschland en Donneschdeg den Owend Basket gespillt. Hei war den Thomas Grün an der 2. Bundesliga fir d'Gladiators vun Tréier am Asaz. De Lëtzebuerger war dann och an der Starting-Five an huet mat senger Ekipp een zéien 1. Quarter mat 3:6 hannert sech bruecht. Duerno koum Tréier awer un d'Rullen an huet de Basket Schalke 04 konsequent op Distanz gehalen. Um Enn stoung eng 88:79-Victoire fir den Thomas Grün an d'Gladiators um Tableau. De Lëtzebuerger huet 2 Punkten an een Assist gemaach a stoung insgesamt iwwer 20 Minutten um Parquet.

Back to Top
CIM LOGO