E Sonndeg hat sech am fréie Mëtteg d'Seat Lëtzebuerg Davis Cup Team mam Chris Rodesch an Alex Knaff zu Esch misse geschloe ginn. Am Playoff fir an de Weltgrupp 2 géint Südafrika hu si am Dubbel mat 4:6, 7:5 an 3:6 de Kierzere gezunn a sou stoung et no den zwou Eenzel-Victoiren e Samschdeg 2:1.
D'Decisioun sollt also an ee vun den zwee Simplë falen. Hei konnt sech den Alex Knaff am Match géint de Kris van Wyk mat 3:6, 6:3 6:4 behaapten an d'Duell vun de Playoffs entscheeden.
De Raphael Cakzi huet de leschte Simple, deen ouni Bedeitung war, mat 6:4 a 7:5 géint den Devin Badenhorst gewonnen. Domat stoung et um Enn 4:1 fir Lëtzebuerg.
D'Seat Lëtzebuerg Davis Cup Team klëmmt domat an de Weltgrupp 2.